Meeting an der Coque (26/02/22)

// 07.03.2022

Als Rahmenprogramm vum Match des Jeunes an der Coque goufen déi 8 bescht Scolaires Athleten vun Challenge Tageblatt 2021 agelueden.

FOLA war matt 3 Meedercher an 4 Jongen um Départ.

Ons Héichsprenger Li Libens huet matt 1,53m en neien perséinleche Rekord (+8cm) ersprongen an de Concours gewonnen , den Oscar Husting huet sech matt 1,48m och matt neiem perséinleche Rekord (+3cm) déi 2.Plaz geséchert an am Wéitsprong 4,36m realiséiert!

Li Libens huet och seng 800m Course an 2:33,43min gewonnen.

En neien perséinleche Rekord an 1.Plaz gouf et fir den Yves Wilmes op 60m an ganz gudden 7,96sec!!! , an eng 2.Plaz matt neier MPP am Wéitsprong matt 4,78m.

Den Henri Wampach an den Léo-Paul Arnould hun am Wéitsprong ebenfalls nei perséinlech Beschtleeschtungen matt 4,08m resp. 4,00m, an op de 60m e Chrono vun 9,11sec resp. 8,71sec erreescht.

Béi de Meedercher hun Lynn Schaack (9,50sec op 60m, 3,98m am Wéitsprong an 2:48,52 op 800m), an Léa Kass (9,54sec op 60m, 1,20m am Héichsprong an 3,78m am Wéitsprong) ebenfalls ganz gudd Resultater erzielt.