Uewersauer Trail : Victoire et titre de champion pour Pitt Schneider !

// 21.11.2021

 

Pit Schneider confirme sa bonne forme affichée les semaines passées et arrache le titre de champion du Luxembourg lors de la 19e édition du « Uewersauer Trail », couvrant la distance de 51.8 km en 4 :08 :46. Nos félicitations sincères.

C’était une victoire à l’arraché, avec une avance de 28 secondes devant le 2e. Ce n’est qu’à partir du km 46 que Pitt pouvait envisager de faire la course pour la victoire. Mais avec l’expérience de ses 10 participations à ce trail depuis 2012 il réussissait son coup de maître en gagnant enfin ce titre de champion. Mais laissons Pitt raconter sa course :

„Ech war super preparéiert, vill besser wéi soss fir den Trail. Natierlech ouni de Marathon vu Frankfurt an de Been ass dat och mi liicht. D'Streck war jo ëmgedréint wei soss an ronn 900m méi wäit. Fir mech méi schweier…. Dofir mat 4h08 super zefridden (bis lo op der aner Streck war 4h14 meng Beschtzäit).

Ech hu vun Ufank un méi Risiko geholl, bësse mi schnell fort. De Sven war super gutt a Form - sot hien selwer - an ass wei ëmmer nach mi séier fortgaangen. Ech wollt den Ecart net ze grouss gi loossen an war ni iwwer 2'30.

Bei mir ass et gutt gerullt, Ofstand ëmmer 1'10 bis 1'50 bis Esch-Sauer, do ass et immens technesch, do war den Ecart gewuess, well de Sven do gutt ass. Hat net gemengt bäi ze kommen. Mee ab km 32 si mer op meng Streck komm, wou ech all Steen kennen :-) am Virfeld war meng Taktik fir do nach Kären ze hunn. Ass 6km Fauxplat biergop, wat mir gutt läit. Sou ass den Ecart geschmoltz, uewen op der Kopp waren et nach 100m.

Duerno rëm laang biergof, dunn hat ech rëm 300m Ecart mee an der Montée erop op Merscheet war de Sven ugeschloe, an bei km46 hunn ech en iwwerholl ... bis km 48 waren et 50m, dunn biergop eng Mauer fir d'Fuussekaul krut ech 300m ... mee déi lescht 2km si liicht fauxplat erop bis an d‘Ziel. Dat louch him rëm, an hien huet einfach di Schnellegkeet ... en ass méi no komm, an ech hu geziddert ... hu gefaart hien kéint nach ee leschte km an 3.45 lafen ... mee ech krut ronn 25 Sekonnen an Ziel gerett. Puuuh !!! "